Reservéiert Ären Dësch

  • :
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Iwwert eis

Säit dem 16 August 2015 kennt dir Iech am B13, der neier Brasserie-Bar am shared space zu Bartreng, kulinaresch verwinne loossen. Kommt laanscht a loosst Iech vum verglasten Kader anmatten vum Parc iwwerraschen!
image2image3image4image1

B13, dei nei Brasserie-Bar op der „shared place“ vun der Gemeng Bartreng, verbënnt kulinaresch Raffinessen mat enger entspaanter Brasserie Atmosphäre.

Mir hu 7 Deeg op 7 vun 10 Auer moies bis 1 Auer Nuets fir Iech op. Kommt a profitéiert zu all Moment vun eise gastronomeschen Offeren: an der Mëttesstonn, Nomëttes fir de klengen Honger tëschenduerch oder fir e raffinéiert Owesiesse.

Ob fir Business-Meetings oder privat Occasiounen ass B13 déi ideal Plaatz fir sech gastronomesch verwinnen ze loossen oder bei engem Cocktail de Feierowend ze genéissen. Eng grouss „Table d’Hôtes“ suergt fir e flotte Kader an hausgemaachte Schmieren verdreiwen de klengen Honger tëschenduerch.